Questions parlementaires
Ëmgoen vum Beamtestatut an de Gemengen
D’Gemeng Péiteng huet am Gemengerot den 9ten November 2026 eng Aarbechtsplaz geschaf. Am techneschen Departement soll ee Posten als salarié à tâche intellectuelle geschaf ginn, mat der Begrënnung, dass fir dës Plaz schonn eng Persoun mam néidegen technesche Wëssen virun der Ausschreiwung konnt fonnt ginn, mee dës Persoun kéint wéinst de Sproochufuerderungen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséich) d’Plaz net kréien. De Posten ass als Salarié ausgeschriwwen, dee vun der attraktiver Convention collective vun de Südgemengen profitéiert. Doriwwer eraus kritt dëse Salarié awer d’Gehalt vun engem Gemengebeamten am Grupp A1 an d’Ufanksbezuelung an d’Avancementer ginn nom Gemengegesetz fixéiert. Iwwerdeems muss dëse Salarié net déi fir dës Karriär virgesinn Examen an Tester fir den Avancement ofleeën. De Beamtestatut ass geschaf ginn, fir d’Fonctionnairen méi onofhängeg vis-à-vis vun der Willkür vu Politiker ze maachen an ze schützen. Ee Beamten déngt dem Gesetz, net dem Politiker un der Muecht. De Beamtestatut bitt méi Schutz a kloer Prozeduren géint Entloossung oder Disziplinarmoossnamen a stäerkt domat d’Onofhängegkeet vum Personal bei der Ausübung vu sengen Aufgaben. Fir dës dauerhaft Aufgaben an der Gemengeverwaltung sollten dofir prinzipiell Beamteplaze geschaf ginn. Doriwwer eraus soll de Statut och eng Qualitéitssécherung duerstellen a fir Fairness suergen am Astellungsprozess duerch eenheetlech festgleuechte Krittären. D’Beherrsche vun den dräi administrativen Sproochen ass zum Beispill wichteg, fir datt d’Verwaltung fir all d’Bierger:innen zougänglech ass. Et stellt sech eng Fro vu Fairness vis-à-vis vun deenen, déi iwwert Joren d’Sprooche geléiert oder e Masterstudium ofgeschloss hunn an d’Examen hu misste packen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Op wéi enger gesetzlecher Basis kann eng Gemeng eng dauerhaft technesch Funktioun mat engem salarié à tâche intellectuelle besetzen? Ass d’Gemengeverwaltung hei fräi ze maache wat se wëll a wéi si et fir gutt hält, oder mussen dofir verschidde Bedingungen respektéiert sinn? Falls et Bedingungen ginn: no wéi enge Critèrë gëtt entscheet, ob fir eng vergläichbar Funktioun de Statut vum Salarié, vum employé communal oder vum Gemengebeamte gewielt gëtt?
Gesäit d’Regierung et och esou, dass de Schutz an d’Onofhängegkeet vum Salarié net gläichwäerteg sinn mat deene vun engem Gemengebeamten? Wéi gëtt séchergestallt, datt d’Personal seng technesch Bewäertungen an Decisiounen onofhängeg vu politeschem Drock maache kann?
Missten d’Bewäertungskrittären an d’Examen am Gemengesecteur iwwerschafft ginn, wann duerch esou Decisioun, wéi zu Péiteng, dës Qualitéitskrittären einfach duerch de Salariésstatut ëmgaangen ginn? Sollt een de Kandidaten dann net och einfach de fräie Choix ginn, ob se wëllen Beamten oder Salarié ginn?
Wéi eng Garantien huet e Salarié bei enger Entloossung, enger Disziplinarmoossnam oder enger Ännerung vu sengen Aufgaben am Verglach mat engem Gemengebeamten?
Wéi huet sech d’Zuel vun Salariés vs. Gemengebeamten an de leschten 10 Joer entwéckelt?
QP Nummer 5217
