Connect with us

Finanzen & Steieren

Kryptowährungen fir eis Finanzplaz

D’Luxembourg Luxtimes beriicht, dass d’Firma Coinbase, déi am Beräich vun de Kryptowärungen aktiv ass, an den nächste Wochen Operatiounen zu Lëtzebuerg wäert starten: „US-based Coinbase is “on track” to get a Luxembourg cryptocurrency provider licence and start operating in the Grand Duchy in the coming weeks, its CEO has told a technology conference in Kirchberg.“ Et ass eng gutt Noriicht fir eis Finanzplaz, wann nei Fintech-Servicer op Lëtzebuerg kommen an hir Servicer zu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus an d’EU, ubidden. A vergaangene parlamentaresche Froen an Interventiounen hat ech reegelméisseg op d’Wichtegkeet vu Kryptowärungen fir eis Finanzplaz higewisen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung d’Noriicht, dass Coinbase op Lëtzebuerg kënnt?

  2. Wéi vill Firmen am Beräich vun de Kryptowärungen sinn aktuell zu Lëtzebuerg ugesidelt? Wéi vill dovunner si Filialen a wéi vill si Mammegesellschaften?

  3. Wat fir konkret Schrëtt ënnerhëlt d’Regierung, fir ze garantéieren, datt weider Firmen aus dem Beräich vu Kryptowährungen zu Lëtzebuerg lancéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2481

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert