Finanzen & Steieren
Hëllefen géint héich Energiepräisser

An de leschte Jore sinn d’Stroumpräisser europawäit an d’Luucht gaangen. Zu Lëtzebuerg goufen dowéinst an der viregter Legislatur finanziell Energiehëllefen an ee Stroumpräisdeckel agefouert. De Präisdeckel gouf dëst Joer vun dëser Regierung gekierzt a wäert dëst Joer ganz auslafen. D’Energieausgaben bleiwe fir vill Stéit awer, nieft de Wunnkäschten, eng héich Ausgab am Budget. An Däitschland ginn et Diskussiounen, fir de Stroumpräis steierlech weider erofzesetzen. Een Artikel an der FAZ vum 2.2.2025 schreift: „Eine Senkung der Stromsteuer auf den in der EU erlaubten Mindestwert würde die Stromkosten […] um knapp 7 Prozent verringern.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wéi eng weider Moossnahmen dierf Lëtzebuerg am Aklang mam EU-Recht ënnerhuelen, fir d’Leit bei de Stroumpräisser z’entlaaschten?
QP Nummer 2540