Connect with us

Finanzen & Steieren

Wien ass „mir“?

An engem Post op der Plattform X huet de Finanzministère eng Publicitéit geschalt :
„Mir hale Wuert. Méi netto vum brutto. Fir jiddereen.“
Dëse Message gläicht verdächtegerweis engem Walverspriechen a -slogan vun der CSV.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wien ass an dësem Post mat „mir“ gemengt?
    Falls et de Finanzministère ass, zënter wéini mécht de Finanzministère Walverspriechen?

  2. Fënnt de Minister et glécklech, dass de Finanzministère Slogans mat de Messagen vun enger politescher Partei (CSV) notzt a sponsort?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1672

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert