Déiereschutz
Verbuet vun Hausdéieren a Wunnengen – Nofro

A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien, fir een Hausdéier an hirer Wunneng ze halen, wann de Proprietär net domadder averstanen ass. Bei enger Locatioun kann de Proprietär d’Hale vun engem Hausdéier a senger Wunneng am Mietkontrakt explizitt verbidden. A verschiddene Fäll ass et souguer virkomm, dass Persoune mat Assistenzhënn virun de Choix komm sinn, hiren Hond, op Drock vun der Assemblée des Propriétaires, mussen ewechzeginn oder aus der Residence ze plënneren.
Déi vireg Regierung hat erkläert, hei net wëllen anzegräifen, fir d’Hale vun Déieren a Wunnenge speziell ze reegelen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wäert dës Regierung eppes ënnerhuelen, fir dass Leit mat Hausdéieren um Wunnmarché besser geschützt ginn a falls jo, wéi eng Piste wäert d’Regierung hei aschloen?
Falls nee, wéi solle Leit, déi wéinst hiren Hausdéiere keng Locatiounswunneng kréien, sech uleeën, fir am Eeschtfall hiert Hausdéier net ewech mussen ze ginn oder aschléiferen ze loossen, well si soss den Daach iwwert dem Kapp verléieren?
-
Kann ee Proprietär och enger Persoun mat enger Beanträchtegung verbidden, fir een Assistenzhonnn a senger Wunneng ze halen, bzw. ass dat ee Grond fir ee Mietkontrakt ze kënnegen?
QP Nummer 611
Mir hunn eng weider Fro zu dësem Thema gestallt:
Ee Wort-Artikel vum 6ten Dezember 2024 beriicht, dass eng Famill wéinst hierem Hausdéier aus enger Sozialwunneng vun der Gemeng soll geheit ginn. Grond dofir ass den internen Reglement vun der Gemeng, wou vun de politesche Verantwortleche gewollt ass, dass keng Hausdéieren gewollt sinn.
A fréiere parlamentaresche Froen (n°3813, 3927, 611) hat ech schonns op déi schwéier Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et oft virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien, fir een Hausdéier an hirer Wunneng ze halen, well de Proprietär dat net wëll.
D’Regierung weist awer keen Interessi drun, fir d’Rechter vun den Déierebesëtzer ze stäerken an déi zoustänneg Ministeren stinn dozou och kloer an hirer Äntwert op meng lescht parlamentaresch Fro: „Am Moment huet d’Regierung net vir, eppes un de besteeënde Gesetzer an deem Beräich ze änneren. E Proprietär vun enger Wunneng huet d’Recht, d’Hale vun Hausdéieren ze verbidden, wann hien seng Wunneng verlount.“
- Bei wéi engen staatlech finanzéierten oder subventionnéierte Servicer, déi Wunnengen verlounen, sierf et de Fonds du Logement, Asylheemer oder aner Systemer, wéi iwwert d’Gestion locative sociale (GLS) verlounte Wunnengen, ginn et Hausdéiereverbueter?
Fro n° 1681