Déiereschutz
Asaz vu Juegdfalen am Naturschutzgebitt Haff Réimech

Am Naturschutzgebitt Haff Réimech zu Remerschen gouf decidéiert, fir Falen opzestellen, fir d’Wëllschwäin anzefänken an se dann z’erschéissen. Een RTL-Artikel vum 29te Mee 2024 schreift dozou
„Haff Réimech dann – en Naturschutzgebitt, fir dat d’Jeeër net méi zoustänneg sinn, mee d’Naturverwaltung. Hei géif eng aner Form vu Juegd geplangt, nämlech d’Falejuegd, déi zënter Joren hei verbuede wier.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Zënter wéini sinn d’Falen hei opgestallt a gi genotzt?
-
Wéi vill Déieren goufen an de Falen gefaangen an duerno dout gemaach?
QP Nummer 1682