Connect with us

Déiereschutz

Zuucht vun Déieren fir Verfidderung

Zu Lëtzebuerg reegelt ee groussherzoglecht Reglement vum 16te November 2018 baséierend um Déireschutzgesetz, wéi eng Déieren een als Hausdéier halen dierf. Op der Lëscht vun den erlabten Hausdéieren sti Mais an deemno gehéieren och dës Déieren geschützt. Et ass awer leider esou, dass Mais extra geziicht a verkaf ginn, fir se dann un aner Déieren ze verfidderen, notamment u Reptilien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et legal, Déieren ze ziichten, fir se un aner Déieren ze verfidderen? 

  2. Dierfen d’Déieren, déi op der Lëscht vum groussherzogleche Reglement sinn, un aner Déiere verfiddert ginn? Falls jo, wat muss hei respektéiert ginn?

  3. Wéi vill Autorisatiounen fir d’Zuucht vun Déieren sinn de Moment insgesamt ausgestallt?  Wéi vill vun dësen Autorisatioune betreffen d’Zuucht vun Déiere fir Verfidderungszwecker?

  4. Ass gewosst, wéi vill Déieren fir Verfidderungszwecker a Lëtzebuerg importéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2232

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert