Parlamentaresch Froen
Krank duerch Chemie

An der Geschicht ass et ëmmer erëm virkomm, dass Mënschen a Kontakt mat chemesche Mëttele komm sinn, déi krank maachen oder dozou féieren, dass hir Kanner krank gi sinn.
De Risiko ass iwwerall ze fannen: an der Loft, am Waasser, am Buedem oder duerch duerch Kontaminatioun vun eisem Iessen oder eise Kleeder. Oft entsteht d’Kontaminatioun duerch industriell Aktivitéiten oder duerch Sprëtzmëttel, ma et ginn och Fäll, wou Leit Medikamenter geholl hunn, wou d’Niewewierkungen net bekannt sinn. Zwee bekannte Beispiller vum naiven Asaz vu Medikamenter waren de Contergan an den Distilbène.
„Contergan war ein Schlaf- und Beruhigungsmittel, das zwischen 1957 und 1961 in Deutschland verkauft wurde. […] Wie im November 1961 bekannt wurde, rief das Mittel schwere Fehlbildungen bei neugeborenen Kindern hervor, wenn die Einnahme zwischen dem 34. und dem 50. Tag der Schwangerschaft, gerechnet vom ersten Tag der letzten Regelblutung, erfolgte.“ (contergan-skandal.de)
„Le DES a été prescrit en France de 1948 à 1977 aux femmes enceintes pour éviter les fausses-couches et d’autres complications de grossesse. Des effets indésirables sont apparus chez les « filles DES » exposées in utero (cancers, infertilité et complications de grossesses). Au fil des décennies, d’autres conséquences sont apparues, pour trois générations, nécessitant d’autres recherches et une prise en charge adaptée.“ (https://www.des-france.org)
Et ass och esou, dass net all Betraffe wëssen, ob hir Virfahren oder si selwer a Kontakt mat esou chemesche Substanze komm sinn. Fir déi Betraffen an hir Nofaren ass dat eng schrecklech Situatioun, well dës Medikamenter zu enger Villzuel u schlëmme Krankheete féiere kënnen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Fäll vu Krankheeten, déi vu chemesche Mëttel, wéi dem Contergan, Distilbène oder anere Substanzen ausginn, sinn dem Gesondheetsministère hei am Land bekannt?
-
An Däitschland existéiert eng „Contergan-Rente“, déi un déi betraffe Persounen ausbezuelt gëtt. Wéi eng finanziell Hëllefen existéieren hei am Land fir Leit, déi ënnert den Effekter vu Contergan, Distilbène oder anere Substanzen leiden?
Wéi vill Leit kruten hei 2024 eng finanziell Hëllef a wéi eng waren dat? -
Wéi solle betraffe Persounen sech uleeën, wann si Kenntnis dovunner hunn, dass si oder hir Virfaren a Kontakt mat schiedlechen, chemesche Substanze waren?
-
Wéi ginn d’Betraffen, déi keng Kenntnis dovunner hunn dass si a Kontakt mat esou Substanze komm sinn, informéiert?
Wéi eng Moossnamen huet de Gesondheetsministère hei opgestallt? -
Wat mécht de Gesonheetsministère fir d’Opklärungsaarbecht an dësem Beräich?
QP Nummer 2231