Connect with us

Parlamentaresch Froen

Notzung vu Parkplazen fir Busservicer fir Mënschen mat Handicap

Mir ass zougedroe ginn, datt Chauffeure vu spezielle Servicer, déi Persoune mat enger Behënnerung op hiert Zil féieren oder op enger Plaz ofhuelen, net berechtegt sinn, fir kuerzfristeg op enger Behënnerteparkplaz stoen ze bleiwen. Eng Persoun, déi mam Minibus stoe bleift, riskéiert hei eng Strof ze kréien, obwuel et méi sécher wier, d’Gefier kuerz op der Parkplaz ze loossen an d’Leit op der Parkplaz eraus ze loossen oder anzesammelen, aplaz an enger Ëmgéigend mat vill Verkéier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ënnert wéi engen Ëmstänn erlaben déi aktuell Verkéiersreegelen, dass ee Gefier, wéi zum Beispill ee Minibus, dat Persoune mat enger Beanträchtegung transportéiert, eng Parkplaz fir Leit mat enger Behënnerung dierf notzen?

  2. Falls et net erlabt ass, géif d’Ministesch op de Wee goen, fir hei méi flexibel Reegelen opzestellen? Falls net, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3904

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert