Parlamentaresch Froen
Ënnerscheed bei de Jetons de présence an de Gemengen
Geméiss dem Artikel 27 vum Gemengegesetz kënnen d’Gemengen, Jetons de présence un Membere vum Gemengerot an u Membere vu consultative Kommissiounen ausbezuelen. De Montant vun dëse Jetonen ass heibäi vu Gemeng zu Gemeng ënnerschiddlech.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wéi héich sinn d’Jetons de présence aktuell an de verschiddene Gemengen zu Lëtzebuerg a kann de Minister eng Iwwersiicht no Gemeng ginn?
QP Nummer 3895
