Parlamentaresch Froen
Schoulflicht
Mat der Reform vun der Schoulflicht, déi elo bis 18 Joer geet, stellt sech d’Fro, wéi an der Praxis garantéiert gëtt, datt all Jugendlecher vum lëtzebuergesche Schoulsystem a vun enger gudder Ausbildung kënne profitéieren. Et ginn awer Fäll, wou Kanner, déi hei am Land liewen, net hei an eng Schoul ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Sinn all Kanner a Jugendlecher am schoulflichtegen Alter, déi zu Lëtzebuerg wunnen, och hei am Schoulsystem ugemellt? Wéi gëtt dëst kontrolléiert?
Wat geschitt mat Kanner a Jugendlechen, déi hire Wunnsëtz verléieren oder an onstabille Liewenssituatioune sinn? Wéi gëtt hei d’Schoulflicht garantéiert?
Wéi gi Schüler:innen, déi wéinst schwéierem Feelverhalen aus enger Schoul rausgeheit ginn, weider betreit, fir datt si trotzdeem hir Schoulflicht erfëllen?
Wéi gëtt kontrolléiert, datt Kanner, déi an der Grenzregioun an eng Schoul ginn oder am Ausland an engem Internat ugemellt sinn, hir Schoulflicht och effektiv erfëllen? Wat fir Beweiser mussen dem Bildungsministère oder der Gemeng hei virgeluecht ginn, fir dass dës Ausbildung d’Krittäre vun der lëtzebuergescher Schoulflicht erfëllt?
Wéi vill Kanner a Jugendlecher sinn aktuell am Homeschooling ugemellt, a wéi gëtt an dëse Fäll d’Schoulflicht iwwerpréift?
QP Nummer 3971
