Parlamentaresch Froen
Verspéit Ausbezuelung vum Chômage
Am Chômage ze sinn ass fir vill Leit eng psychologesch an existenziell Belaaschtung, woubäi d’mental Gesondheet vun de Betraffene op d’Prouf gestallt gëtt. Et ass nämlech scho schwéier genuch, op Aarbechtssich ze sinn an do eppes ze fannen. Doriwwer eraus stellen sech da vill existenziell Froen, well d’Leit am Chômage vun de finanziellen Allocatiounen ofhängeg sinn. Et ass dofir immens wichteg, datt Persounen, déi Chômage bezéien, hir finanziell Ënnerstëtzung zäitgerecht an zouverlässeg ausbezuelt kréien. Laut den Informatiounen op der Website vun der ADEM gëtt de Chômage reegelméisseg all Mount ausbezuelt. Allerdéngs si mir Fäll zougedroe ginn, bei deenen et zu Verspéidungen an onklorer Kommunikatioun komm ass, mat deelweis géigesätzlechen Informatiounen iwwer d’Ausbezuelungsdatumer.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Ass et dëse Mount zu Verspéidungen bei der Ausbezuelung vum Chômage komm? Falls jo, wat sinn d’Grënn dofir?
QP Nummer 3926
