Parlamentaresch Froen
Iwwerhuele vun Affekotskäschten duerch de Staat
Wéi d’WORT an engem Artikel vum 18te Mäerz 2026 beriicht, sinn de fréieren MUDAM-Direkter zesumme mat senger Fra am Kader vun enger Geriichtsaffär zu enger Geld- a Prisongsstrof verurteelt ginn.
Dës Affär ass indirekt gebonnen un eng aner Affär vun 2016, wou de fréiere Generaldirekter vum Mudam an engem juristesche Sträit ass mat Mataarbechter vun RTL. Bei dësem Prozess huet de Staat dem Ex-Mudam-Direkter seng Affekotskäschten iwwerholl a virausbezuelt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Goufen d’Affekotskäschten vun dëser Affär vum Staat bezuelt oder iwwerholl?
-
Goufen d’Affekotskäschten vun der Fra vum Ex-Mudam-Direkter vum Staat bezuelt oder iwwerholl?
QP Nummer 3824
