Connect with us

Parlamentaresch Froen

Filmfong

De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) gëtt zënter Joren mat héije Montante vu Steiergelder finanzéiert a soll och an de kommende véier Joer ronn 180 Milliounen Euro aus dem Staatsbudget kréien.  Aus de Joresrapporte vum Filmfong geet ervir, datt d’finanziell Hëllefen zum groussen Deel un eng kleng Unzuel u Produktiounsfirme fléissen. Dat selwecht bestätegt d’Äntwert op meng vireg parlamentaresch Fro n°3401. An der Änwert op meng Fro n°3661 erkläert de Minister, dass hie keng Kenntnisser huet, ob Produktiounsfirmen, déi engem selwechten Bénéficiaire effectif gehéieren, e puer Mol vum Filmfong subventionnéiert ginn. An der Äntwert op meng Fro n°3750 huet de Minister vun engem Tableau geschwat. Dësen ass awer net am Annexe ze fannen: https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/04/QP_62932_1776350751166.pdf

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass de Minister dorunner interesséiert ze wëssen, ob et Produktiounsfirmen, gëtt, déi dem selwechten Bénéficiaire effectif gehéieren? Falls net, firwat net? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3943

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert