Justiz
Iwwerhuele vun Affekotskäschten duerch de Staat
Zënter 2016 ass de fréiere Generaldirekter vum Mudam an engem juristesche Sträit mat deemolege Mataarbechter vun RTL Lëtzebuerg, dorënner zwee Journalisten. Am Mäerz 2026 wäert et an d’Appelinstanz goen. Zënter dem Ufank vun der Geriichtsaffaire sollen dem fréiere Generaldirekter seng Affekotskäschten am Kader vun dëser Affär aus der Staatskeess gedroe gi sinn. Dat goung aus verschiddenen Presseartikelen ervir: “Den Enrico Lunghi kritt Ënnerstëtzung vum Staat, fir juristesch géint d’RTL-Mammenhaus CLT-UFA virzegoen. Den nach-Mudam-Direkter huet eisen Informatiounen no gëschter Bescheed kritt, datt dës Ënnerstëtzung accordéiert gouf, sou wéi de Statut vum Staatsbeamnte se virgesäit. De Staat wäert also seng Affekotefraisen iwwerhuelen.” (100,7 vum 8ten Dezember 2016)
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi héich sinn déi bis elo vum Staat gedroe Käschten am Zesummenhang mat den Affekote vum Ex-Generaldirekter?
Wat geschitt am Fall vun enger Néierlag vum fréiere Generaldirekter am Appel? Mussen an dësem Fall d’Affekotskäschte un d’Staatskeess zréckbezuelt ginn?
Wéi ass et méiglech, dass den deemolegen Generaldirekter, deen a senger Funktioun als Mudamchef an dësem Zäitfënster kee Staatsbeamten war, trotzdeem d’Affekotskäschten iwwerholl krut ?
Wéi eng Bedingungen mussen erfëllt sinn, dass Staatsbeamten d’Affekotskäschten vum Staat virgestreckt an iwwerholl kréien?
Wéi vill Affekotskäschten goufen an de vergaangenen 10 Jore vum Staat iwwerholl? Wéi vill Demandë goufe refuséiert?
QP Nummer 3127
