Digitalisatioun & IT
Schutz viru Bedruch per Telefon

D’Verbrieche schléift ni a scho guer net an der digitaler Welt. All Joer gi Milliounen u Leit Affer vu Bedruchsversich. Eng bekannte Masch vu Cyberkriminellen ass de Phishing, fir un perséinlech Donnéeë vun de Leit ze kommen. Onbekannten Nummere ruffen engem op den Handy un a ginn sech als vertraulech Persounen oder Autoritéiten aus, fir esou un de Leit hir Bankdonnéeën ze kommen. All Joer entstinn domadder Milliounen u Schied fir d’Leit an d’Ekonomie. An Däitschland huet Vodafone ee Schutzschëld géint Spam-Uriff opgestallt. Op der Website vu Vodafone kann een noliesen: „Mit dem ‚Spam Warner‘ startet Vodafone heute einen neuen Sicherheitsdienst für das Mobilfunk-Netz. Auf dem Display jedes im Vodafone-Netz eingebuchten Handys erscheint eine Warnmeldung, die auf die Betrugsgefahr bei eingehenden Anrufen hinweist. Und zwar immer dann, wenn die Rufnummer von Sicherheitsexperten als Spam-Rufnummer eingestuft wurde. Das gilt sowohl für nationale als auch internationale Rufnummern.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wäert déi lëtzebuergesche Regierung sech dofir asetzen, dass esou ee Spam-Warner zu Lëtzebuerg obligatoresch gëtt?
QP Nummer 2460