Digitalisatioun & IT
SMS 2.0 (RCS)

Virun der massiver Entwécklung vum Internet war d’SMS dat Haaptform, mat deem Noriichten tëschent Handye verschéckt goufen. D’Technologien hunn sech weiderentwéckelt an d’Kapazitéite fir méi Donnéeën an aner Daten-Typen (Biller, Videoen) ze verschécken si massiv ausgebaut ginn, soudass d’SMS hautzedaags nëmmen nach wéineg genotzt gëtt. Dëst zum Virdeel vu verschiddenen grousse Firmen, déi sech an der Kommunikatioun vun Donnéeën ee grousse Maartundeel geséchert hunn, wat natierlech och Risike mat sech bréngt.
Zënter 2007 gëtt un engem „neien“ oppene Format fir d’Verschécke vun Noriichten geschafft, wat mam RCS (Rich Communication Services) mëttlerweil och a ville Länner a plattformiwwergräifend disponibel ass.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Gëtt den RCS schonns zu Lëtzebuerg ugebueden?
- Sinn d’Operateure verflicht, fir den RCS unzebidden?
- Wéi eng Aussichten huet d’Implementatioun an d’Notzung vum RCS zu Lëtzebuerg?