Connect with us

Bildung & Fuerschung

Eischt-Hëllef zu Lëtzebuerg

Wien éischt Hëllef leeschte kann, dee ka Liewe retten. Leit, déi een Éischt-Hëllef-Cours gemaach hunn, léieren déi richteg Reflexer an Handlungen. Et wier dofir sënnvoll, dass jiddereen an eiser Gesellschaft op mannst eng Kéier am Liewen esou een Éischt-Hëllef-Cours gemaach hätt.

An Däitschland ass den Éischt-Hëllef-Cours obligatoresch, fir den Erhalt vum Autosführerschäin. Domadder ass séchergestallt, dass all Joers dausende Leit eng Grondausbildung hunn an ee Pool u Millioune vu Bierger:innen weess, wéi am Eeschtfall muss gehandelt ginn.
Den Donnéeën no aus eiser parlamentarescher Fro n°2741 haten 2019 eng 16.383 Leit bei engem Éischt-Hëllef-Cours matgemaach. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hu vun 2020 bis 2023 un engem Éischt-Hëllef-Cours hei am Land matgemaach?

  2. Wéi vill Leit besëtzen zum aktuellen Zäitpunkt ee gültegen Éischt-Hëllef-Diplom?

  3. Wëll d’Regierung dofir suergen, dass méi Persounen eng Grondausbildung an éischter Hëllef maachen?
    Falls jo, wéi eng Aktioune sinn hei geplangt a wéi eng Ministèrë wäerten hei implizéiert sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 929

Wien éischt Hëllef leeschte kann, dee ka Liewe retten. Leit, déi een Éischt-Hëllef-Cours gemaach hunn, léieren déi richteg Reflexer an Handlungen an Noutsituatiounen. Et wier dofir sënnvoll, dass jiddereen an eiser Gesellschaft op mannst eng Kéier am Liewen esou een Éischt-Hëllef-Cours gemaach hätt. 

An der Äntwert op d’Fro n°929 hat d’Regierung geäntwert, dass si u Moossnamen schaffen, fir dass méi Leit sollen Éischt Hëllef léieren, zum Beispill am Sport oder an der Schoul. Aktuell ass et esou, dass an der Schoul, mee och a Betreiungsstrukturen, den Éischt-Hëllef-Cours fir d’Léierpersonal oder Educateuren net obligatoresch ass. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wäert d’Regierung sech dofir asetzen, fir d’Éischt-Hëllef-Coursen am Bildungsberäich souwéi an de Kannerbetreiungsstrukturen obligatoresch ze maachen?
    • Falls jo, kréien d’Employéeën d’Méiglechkeet fir Formatioune wärend hirer Aarbechtszäit ze maachen?
    • Falls nee, firwat net?

Fro n°1571

CHD

Continue Reading