Bildung & Fuerschung
National Entscheedung fir Schoulfräi bei Alerte rouge

100 Gemengen existéieren zu Lëtzebuerg. 100 Gemenge mat 100 verschiddene Gemengereglementer. D’Hëtztwell vun dëser huet erëm gewisen, dass et fir d’Bierger:innen net iwwersiichtlech ass, wann all Gemeng eng aner Entscheedung hëlt. Esou hunn all d’Gemengen zäitversat ënnerschiddlech Moossnamen kommunizéiert oder nach a leschter Minutt geännert, wat fir vill Elteren a Kanner net iwwersichtlech ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wat hunn déi ënnerschiddlech Gemengen haut, den 2te Juli, decidéiert?
Am Januar 2024 hat d’Regierung opgrond vun enger Alerte rouge wéinst Schnéi an Äis direkt decidéiert, dass d’Schoulen een Dag zou sinn. Firwat huet d’Regierung net selwer eng Entscheedung fir haut getraff, esou wéi et am Januar 2024 fir de Schnéifräi gemaach gouf?
QP Nummer 2554