Connect with us

Digitalisatioun & IT

Social Media Accounts vu Ministèren

Den offiziellen Instagram Account vum Energieministère ass duerch Likes vu Posts vu grénge Parteimemberen opgefall. Op de sozialen Netwierker ass et esou, dass all Interaktioun, all „Engagment“ d’Räichwäit vun engem Post erhéischt. Duerch een Like vun engem Account gëtt de Post dann vu méi Leit gesinn. An de Froen n°633 an n°948 hat ech scho Froen zu engem Code de Deontologie, deen d’Benotze vu Social Media vun den eenzele Ministere reegelt gestallt. De Premierminister konnt mir dee Moment keng Äntwerten op meng Froe ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi stinn d’Ministeren dozou, dass hei een offiziellen Account vun engem Ministère Contenu vum Parteipresident vum Minister liked?

  2. Ginn d’Ministèren sech Reegele wéi mam Contenu vu Politiker a politesche Parteien ëmzegoen ass? Wa jo, wéi eng? Wa nee, firwat net?

  3. Gëtt hei een Ënnerscheed gemaach tëscht dem Contenu vun der eegener Partei an dem Contenu vun anere Parteien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6803

Continue Reading