Connect with us

Digitalisatioun & IT

Nëtophiewe vum Telefon beim Staat

Mir duerchliewen am Moment keng einfach Zäit, notamment bedéngt duerch d’Covid-Pandemie, déi eis elo scho bal 2 Joer an Otem hält. Et gëtt vill Krankheetsfäll, et gëtt erëm vill op den Télétravail zeréckgegraff an op verschiddene Plazen kënnt et ëmmer méi oft zu Personalmangel. Fir d’Kontakter ze reduzéieren, maache vill Guicheten zou a verleeën hier Berodungsaktivitéiten op den Telefon oder per Mail. An dësem Kontext gëtt eng Kommunikatioun iwwer Telefon eng essentiell Viraussetzung, fir dass d’Bierger op d’staatlech Servicer kënnen zeréckgräifen a sech bei Froen un eng lieweg Uspriechpersoun kënne wennen. Hei kann d’Nët-Ophiewe vum Telefon, wann ee bei enger staatlecher Stell urifft, ee grousse Problem duerstellen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Ministere – opgedeelt no Administratioun an opgelëscht no Joer– d’Zuele presentéieren, wéi d’Unzuel vun Uriff, déi net connectéiert konnte ginn, an deene leschten 3 Joer evaluéiert huet ?

  2. Wat fir Pisten hunn d’Ministèren an d’Verwaltunge virgesinn, fir datt och wärend der Covid-Kris de Telefonskontakt assuréiert bléift?

  3. Wéi gëtt sécher gestallt, dass virun allem den Asaz vum Homeoffice, dee jo och no der Pandemie sécherlech eng gréisser Roll wäert spillen, sech net negativ op den Traitement vun Ufroen per Telefon auswierkt?  Gesäit de Minister hei nach Verbesserungsbedarf? Wa jo, an wéi enger Form?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5509

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert