Digitalisatioun & IT
Kënschtlech Intelligenz an Autoen oder anere Produiten

D’Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz (KI) geet aktuell mat schnellem Tempo virun. Verschidde Firmen ginn op de Wee an integréieren KI-Programmer, wéi CHATGPT, an hir Produiten an. Verschidden Autoshirsteller bauen KI an hir Infotainment-Systemer an.
Et ass allerdings esou, dass mam Abau vu KI a Produiten Risiken bestinn. D’Regierung huet op meng parlamentaresch Fro n°1914 geäntwert: „Et ass ënnert anerem recommandéiert gi keng onverëffentlecht professionell Informatioune mat Applikatiounen ze deelen, AI Servicer abegraff, déi net vum Staat zur Verfügung gestallt goufen.“ Dës Äntwert weist, dass d’Notzung vu KI mat Risiken ze genéissen ass a begleet muss ginn, éiert ee se flächendeckend an Produiten abaut.
Dat rezent Dateleck bei Volkswagen, wou Donnéeën vun den Automobilisten ëffentlech siichtbar waren – wat ech a menger parlamentarescher Fro n°1713 thematiséiert hat – huet gewisen, dass et net ëmmer vu Virdeel fir de Konsumment ass, wann KI an de Produiten integréiert ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass et zu Lëtzebuerg souwéi an der EU méiglech, fir als Konsument z’insistéieren, dass ee Produit ouni KI-Technologien equipéiert gëtt oder dass, wann d’KI agebaut ass, een dës kann desaktivéieren?
-
Muss ee Produzent, wéi zum Beispill een Autoshirsteller, beim Verkaf vun engem Produit geziilt drop hiweisen, dass an engem Auto KI agebaut ass?
QP Nummer 1931