Connect with us

Mobilitéit

Camionstraffic duerch den Zentrum vu Réimech

Wéi d’Press gemellt hat, gouf et zu Réimech ee schwéieren Accident, wou ee Foussgänger vun engem Camion ugestouss gouf an nach op der Plaz gestuerwen ass.  Zënter dass d’Camionen d’Opfaart fir op A13 net méi dierfen notzen, ass d’Trafficssituatioun am Zentrum vu Réimech iwwert Jore méi schlëmm ginn, well honnerten Camionen pro Dag duerch Réimech fueren, fir d’Nationalstrooss ze benotzen, fir schlussendlech dann d’Autobunnsopfaart zu Mondorf eropzefueren.  Den Accident ass am Stadzentrum vu Réimech virgefall an et war net deen Éischten. A menger parlamentarescher Fro n°6331 virun 3 Joren hat ech schonns op d’Situatioun zu Réimech higewisen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’Ministesch d’Autobunnsopfaahrt Réimech/Schengen fir op d’A13 erëm opmaachen, fir esou de Camionstraffic duerch Réimech ze reduzéieren?  Falls nee, wéi eng Moossnahmen wäerten elo geholl ginn, fir den Zentrum vu Réimech verkéierstechnesch endlech méi sécher ze maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1927

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert