Parlamentaresch Froen
Apdikt fir Péiteng

Wéi RTL den 18te Februar gemellt huet, ginn op sechs Plazen am Land nei Apdikten opgemaach. D’Opmaache vun Apdikten ass am ofgeännerte Gesetz vum 4te Juli 1973 souwéi an de groussherzogleche Reglementer gereegelt. D’Apdikte brauchen eng Konzessioun vum Staat, fir dierfen opzemaachen. An der Praxis gi weider Apdikte vum Staat geneemegt, wann d’Awunnerzuel an enger Gemeng an d’Luucht geet. D’Gemeng Péiteng zielt aktuell iwwert 20.000 Awunner, mee huet nëmmen 3 Apdikten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Kritt d’Gemeng Péiteng deemnächst eng weider Apdikt vum Ministère genehmegt?
QP Nummer 1967