Connect with us

Digitalisatioun & IT

Robotiséierung

Kënschtlech Intelligenz a Robotiséierung sinn, wat déi technesch Entwécklung um Aarbechtsmaart ugeet, 2 vun de groussen Tendenzen déi aktuell an och an noer Zukunft wäerte fir Verännerunge suergen. Och op Regierungsniveau gëtt ëmmer erëm betount wéi wichteg dës Entwécklunge si fir déi national Kompetitivitéit an d’Produktivitéit. Och wann am Beräich vun der Robotiséierung iwwer Formatiounen eng bestëmmten Unzuel u Leit wäerte kenne wieder beschäftegt ginn, geet duerch dës Entwécklung de Besoin u mënschlecher main d’oeuvre a ville Beräicher erof, zum Beispill an der Industrie. Dëst ass esou viru Joerzéngten och an der Autosindustrie geschitt. Wann dës Tendenz sech an noer Zukunft bestätegt, huet dat och Auswierkungen op den Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg, sief et um Niveau vum Chômage oder och zum Beispill um Niveau vun de Cotisatiounen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt op iergendeng Manéier erfaasst oder projezéiert wéi vill Aarbechtsplazen ersat oder op mannst à risque sinn an noer Zukunft ? 

  2. Gëtt op iergendeng Manéier erfaasst oder projezéiert wéi een Impakt dat um Niveau vun de Cotisatiounen huet an noer Zukunft ? 

  3. Gëtt et säitens dem Ministère en Austausch mat de Gewerkschafte betreffend dëse Punkten ?  A falls jo, wat sinn d’Konklusiounen déi an dësem Kontext bis elo konnte gezu ginn ? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2002

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert