Connect with us

Digitalisatioun & IT

Emgang mat Kryptowallets

An der parlamentarescher Fro Nummer 5082 hunn d’Justizministesch an de Finanzminister erkläert, dass d’« Section Nouvelles Technologies » bei der Police schonn iwwert eege Wallets verfüügt, an deene Kryptowärunge gespäichert kënne ginn, déi beschlagnaamt goufen. Wann Kryptowärungen esou beschlagnaamt an aus dem Verkéier gezu goufen, stellt sech d’Fro, wat mat de sougenannten „Coins“ an de Wallets vun der Police geschitt, a wéi virgaange gëtt, falls d’Coins no opgeschlossener Prozedur bei der Justiz erëm un hire Besëtzer missten zeréck iwwerwise ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Iwwer wéi vill Wallets verfüügt de Lëtzebuerger Staat am Moment?

  2. Wat fir Prozedure ginn duerchlaf am Fall, wou d’Kryptowärungen, déi an dëse Wallets gespäichert sinn, sollen a Fiatgeld ëmgewandelt ginn?

  3. Ginn et Fäll, wou beschlagnaamte Kyptowärunge vun Drëtten a Fiatgeld ëmgewandelt ginn? Wa jo, wat geschitt am Fall, wou duerch d’Ëmwandele vun der Kryptowärung op zum Beispill den Euro oder Dollar ee Benefice gemaach gëtt? Erhält de Besetzer dann dëse Benefice?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5814

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert