Connect with us

Aussepolitik

Auswierkungen vum Ukrain-Konflikt op d’Gasreserven zu Lëtzebuerg

D’EU ass sech eens, dass déi russesch Annexioun vun der Ostukraine wäert wirtschaftlech Konsequenzen no sech zéien. Inwiefern dës Moossname Russland wirtschaftlech treffe wäerten, bleift onkloer. Kloer ass awer, dass d’wirtschaftlech Moossnamen an déi russesch Géigemoossnamen och wäerten d’EU-Länner treffen, zum Beispill um Energiemaart, wou Länner, wéi Däitschland, iwwert d’Hallschent vu senge Gasliwwerungen aus Russland bezitt. Lëtzebuerg selwer importéiert Gas aus Däitschland an aus der Belsch.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kubikmeter Gas, déi all Joer hei am Land verbraucht ginn, entsprangen aus Russland? Wéi vill Prozent vum Gasverbrauch sinn op russesch Quellen zeréckzeféieren?

  2. Rechent d’Regierung mat kuerzfristegen Auswierkunge fir d’Versuergungssécherheet mam Gas zu Lëtzebuerg bis den nächste Wanter? Falls jo, wéi preparéiert de Staat sech dorobber?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5802

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert