Police & Arméi
Erneierung vun der Policeflott
L’Essentiel huet de 4. Februar 2022 geschriwwen, dass d’Police Grand-Ducal 96 néi dieselgedriwwen Déngschtween vum Modell „Ford S-Max“ kaf huet. Dës Acquisitioun soll 4.96 Milliounen Euro kascht hunn, woubäi de järleche Budget fir d’Erneierung vun der Policeflott bei 5.3 Milliounen Euro leie soll.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Entspriechen des Acquisitiounen dem Minister senger Virstellung vun der zukünfteger ökologescher Entwécklung vun der Policeflott?
-
Wat fir zousätzlech Optiounen fir d’Autoen goufen beim Fournisseur bestallt?
-
Bei wéi vill Liter pro 100 Kilometer leit de Verbrauch pro voll equipéierten Ford S-Max?
-
Wei vill CO2 gëtt duerch dës Erneierung zousätzlech pro Joer ausgestouss?
-
Ass scho gewosst, a wat fir Projeten déi restlech EUR 660.000 investéiert wäerte ginn?
-
Wéi vill Policebüroen ginn et am Land a wéi vill dovun sinn equipéiert, fir en elektrëschen Déngschtwon kënnen ze lueden?
QP Nummer 5749