Connect with us

Justiz

Ausgaben fir PEGASUS

Am Joer 2021 hat een internationaalt Journalistennetzwierk opgedeckt, dass déi israelesch Firma NSO, mat enger Filial zu Lëtzebuerg, eng Trojaner-Software mam Numm “Pegasus” entwéckelt huet, déi noweislech vu verschiddenen europäesche Regierungen genotzt gouf, fir Journalisten, Mënscherechtsaktivisten an Oppositiounspolitiker auszespionéieren gouf.  D’Software gëtt vun der israelescher Firma u staatlech Institutioune verkaf. Den ëffentlechen Informatiounen no, kann dësen Trojaner op Handyen installéiert ginn, ouni, dass de Besëtzer dovunner eppes matkritt. Déi virëg Regierung konnt an den Äntwerten op fréier parlamentaresch Froen (n°4685 a 4692) net ausschléissen, dass och lëtzebuergesch Persounen an Institutioune vum Spionageskandal betraff waren. Den Informatiounen aus engem reporter.lu-Artikel vum 3te Juni kascht d’Lizenz fir d’Notzung vu PEGASUS bis zu 6 Milliounen Euro d’Joer, plus lafend Käschten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi vill gëtt de Lëtzebuerger Staat all Joers fir d’Lizenzgebühren vu PEGASUS aus?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2420

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert