Justiz
Accès op Expertisen am Kader vu Geriichtsaffairen

Am Kader vu Geriichtsaffairen ass et oft onerlässlech, dass de Riichter op Evaluatiounen vun Expären muss zeréckgräifen, dorënner psychologesch oder psychiatresch Avis’en, déi d’mental Gesondheet vun enger am Prozess implizéierter Partei analyséieren. Grad am Beräich vum Jugendschutz, wou de Kannerriichter d’Situatioun vun den Elteren a Kanner muss kënnen evaluéieren, sinn dës Rapporten ausschlaggebend. Elo ass et esou, dass verschidde Rapporten, déi perséinlech Donnéeën iwwert een Elterendeel oder d’Kanner enthalen, net fir jiddereen zougänglech sinn, mol net der Persoun, iwwert déi de Rapport geschriwwe gouf. An engem Avis vun der Autorité de contrôle judiciaire, dee mer virläit, krut eng Persoun zum Beispill den Accès op ee Rapport, dee si betrëfft, verwiehrt. Et kann een natierlech dovunner ausgoen, dass d’Rapporten zu 100% alleguerten richteg sinn. Mee och Expären sinn nemme Mënschen an dës Rapporten kënnen och mol lückenhaft oder feehlerhaft sinn an net der Realitéit entspriechen. De Riichter an di implizéiert Parteien hunn natierlech ëmmer d’Méiglechkeet, fir weider komplementär oder géigesätzlech Expertisen unzefroen, fir esou ee méi komplett Bild vun enger Situatioun ze kréien. D’Fro, déi sech stellt, ass déi, wéi eng Persoun, déi an engem Rapport eng defavorabel Analyse gemaach kritt, sech dogéint wiere kann, wann si selwer mol net weess, wat am Rapport drasteet. Grad am Beräich vum Familljegeriicht, wou oft emotionale Sträit tëschent de Parteien a vill Konfusioun herrscht, wier et wichteg, dass déi attackéiert Persoun Saachen, déi si betrëfft, kann agesinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi kënnen Elterendeeler an enger Geriichtsaffär, fir eng Expertise, déi si betrëfft a wou se mengen, dass de Rapport net richteg ass, dogéint virgoen?
Wéi gi feelerhaft Expertisen am Kader vu Geriichtsaffairen identifizéiert a korrigéiert?
Wéi oft kënnt et vir, dass ee Riichter d’Wouerhaftegkeet vun enger Expertise a Fro stellt an eng Géigenexpertise opstelle léisst, grad am Beräich vum Juge aux affaires familiales?
Erhieft d’Justiz Zuelen dozou, wéi oft Expertisen am Kader vu wéi enge Prozeduren ugefrot ginn? Falls nee, wat steet deser Datenerhiewung am Wee?
Sammelt d’Justiz Zuelen dozou, wéi vill Expertisen pro Geriichtsaffair realiséiert goufen?
QP Nummer 1992