Parlamentaresch Froen
Collège médical

De Collège médical ass agefouert ginn, fir de Beruffsstand vun de Medezinner hei am Land ze vertrieden an dréit zum gudde Funktionéieren vun der Gesondheetspolitik hei am Land bei. De Collège huet och d’Missioun, fir en eventuellt Feelverhale vu Medezinner ze kontrolléieren an dofir ze suergen, dass jiddereen sech un d’ethesch an deontologesch Reegelen hält. De Collège huet d’Méiglechkeet, fir Enquêten zu engem Fall ze maachen a kann op Basis vum Gesetz vum 8te Juni 1999 Strofe géint Medezinner decidéieren, sollt tatsächlech ee Feelverhale vun engem Medezinner festgestallt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Plaintë sinn zënter 2019, opgelescht pro Joer, beim Collège médical agaangen?
Wéi vill Enquêten huet de Collège médical zënter 2019, opgelëscht pro Joer, realiséiert?
Wéi vill Mol goufen zënter 2019, opgelëscht pro Joer, Sanktioune vum Collège médical decidéiert?
Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou eng Plainte wärend méi wéi zwee Joer, nodeems se beim Collège médical agaange war, net beäntwert gouf. 1. Wéi laang dauert den Traitement vun enger Plainte am Duerchschnëtt? 2. Wat war déi längsten Dauer?
Mir ass ee Fall bekannt, zu deem Collège médicale sech net positionnéiere wollt. 1. Ass de Collège médical verflicht, fir all d’Plainten ze traitéieren oder huet en d’fräi Wiel, wéi eng Affairen en enquêtéieren an tranchéiere wëll, a wéi eng net? 2. Wéi eng Fäll kann de Collège médical refuséieren, fir ze tranchéieren? 3. Dierf de Collège médical ee Fall enquêtéieren an tranchéieren, dee virun enger anerer Geriichtsinstanz behandelt gëtt?
QP Nummer 2007