Justiz
Vergewaltegungen duerch K.O.-Drëpsen
An Däitschlandsoll den Asaz vu K.O.-Drëpse bei Vergewaltegungen an Zukunft wéi den Asaz vun enger Waff gewäert ginn. Um Site vum Bundestag ass ze liesen:
„Der Bundestag hat die geplante Debatte über eine Strafverschärfung bei Einsatz von K.O.-Tropfen für Raub- und Sexualdelikte von der Tagesordung genommen. Wer bei der Begehung einer Raub- oder Sexualstraftat K.O.-Tropfen einsetzt, sollte künftig mindestens zu fünf Jahren Freiheitsstrafe verurteilt werden.“
A menger virëger Fro n°1823 hat ech d’Thema vun de K.O.-Drëpse schonn opgeworf. Hei haten d’Ministere follgend Informatioun ginn:
„De Code pénal bestrooft an den Artikele 402 bis 405 awer d‘Administratioun vu Substanzen, déi d’Gesondheet schwéier beaflosse kënnen, wourënner d’chemesch Ënnerwerfung och ka falen. Sou hu weider Iwwerpréiwungen erginn, datt déi betraffe Procès-verbaux tatsächlech Plainte vun Affer betreffen, déi sech beschwéieren, datt hinnen eppes onbewosst an hiert Gedrénks geschott gouf (“K.O.-Tropfen”).“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass d’Approche vum däitsche Legislateur gläichzesetzen mat deem, wat bei eis am Code pénal festgehalen ass?
-
Wier déi däitsch Approche zu Lëtzebuerg ëmsetzbar a falls jo, wäert d’Regierung dës an eisem Code pénal aféieren?
-
Wäerten d’Strofen fir den Asaz vun K.O.-Drëpsen méi streng ginn?
QP Nummer 3253
