Dateschutz
DOSSIER PEGASUS: kee Pony, mee Iwwerwaachung

PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir geziilt Politiker, Aktivisiten a Journalisten auszespionéieren. Méi Detailer fannt dir hei.
D’Piraten hu sech an der Vergangenheet dofir agesat, dass Opklärung an den Dossier PEGASUS kënnt:
Parlamentaresch Froen fir Opklärung:
Diskussiounen an der Chamber (Aktualitéitsstonn)
Motioun fir Informatiounen zu PEGASUS ze kréien
20250705 Aarbechten an der Chamberskommissioun
Ëm wat geet et?
2021 hat een internationaalt Journalistennetzwierk opgedeckt, dass déi israelesch Firma NSO eng Trojaner-Software mam Numm “Pegasus” entwéckelt huet.
Dës Software gouf vun verschiddenen euroopäesche Regierungen genotzt.
D’Reporter hunn erausfonnt, dass d’Software op Handye vu Journalisten, Mënscherechtsaktivisten an Oppositiounspolitiker installéiert gouf.
D’Software gëtt vun der israelescher Firma NSO ugebueden an ausschliisslech u staatlech Institutioune verkaf, déi an der Terrorismusbekämpfung aktiv sinn.
Den ëffentlech zougänglechen Informatiounen no kann dësen Trojaner op Handyen installéiert ginn, ouni, dass de Besëtzer dovunner eppes matkritt. Esou kënnen d’Affer effektiv ausspionéiert ginn, ouni, dass si eppes dovunner matkréien. Wëssenswäert ass och, dass dës israelesch Firma eng Filial zu Lëtzebuerg huet.
Dokumenter zu PEGASUS
Presseartikelen
Tageblatt (2025): Pegasus-Skandal1.223 Mobiltelefone in 51 Ländern: Gerichtsdokumente zeigen globale Reichweite der Spyware
reporter.lu (2025): Mit Staatstrojaner auf Verbrecherjagd
reporter.lu (2021): Ein diplomatischer Ernstfall für Luxemburg
wort.lu (2021): Was es mit dem Sitz der israelischen NSO Group auf sich hat