Connect with us

Dateschutz

De Leit de Choix loosse bei hiren Donnéeën

D’Regierung Frieden huet een Observatoire de la mobilité erschaf, dee massiv wäert d’Donnéeën vun de Leit asammelen a späicheren.

Eng rieseg Datebank, wou d’Leit kënnen identifizéiert ginn a wou de Risiko bestehnt, dass dës Donnéeën och fir aner Zwecker kéinten ausgewäert ginn.

D’Piraten hunn dat net matgedroen! D’Leit mussen informéiert ginn, dass hir Donnéeën geholl ginn a si sollen entscheede kënnen, ob se an där Datebank wëlle sinn oder net.

 

 

Kontext:

Gesetzesprojet 8251 relative au traitement des données de mobilité

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Mam Gesetzesprojet 8251 gëtt een Observatoire de la mobilité geschaf, deen d’Mobilitéit hei am Land verbessere soll a fir senger Missioun gerecht ze ginn, kritt den Observatoire iwwert d’Gesetz d’Méiglechkeet, fir och perséinlech Donnéeë vun de Bierger:innen z’erhiewen an z’analyséieren;
  • A sengen Avisen zum Gesetzesprojet n°61.526 freet de Staatsrot „dans quelle mesure il est nécessaire de recourir à des données pseudonymisées alors qu’au vu des finalités du traitement mis en place, les mêmes objectifs devraient pouvoir être raisonnablement atteints sur base de données anonymisées.“;
  • Am Resumé vum Gesetzesprojet ass festgehalen: „Il est important de noter que l’Observatoire n’a pas vocation à surveiller ou examiner les habitudes et préférences de mobilité d’individus particuliers. Cependant, afin de pouvoir adapter l’offre, et sachant que la mobilité des personnes est un aspect fondamental, il est indispensable de collecter ces informations dans un « intérêt public ».“;
  • A sengem Avis ënnersträicht d’CNPD, dass d’Pseudonymiséierung vu perséinlechen Donnéeë reversibel ass an de Risiko besteet, dass een d’Persounen erëm domadder identifizéiere kéint a stellt dofir och d’Fro, ob et muss sinn, dass perséinlech Donnéeën an dësem Kontext massiv gesammelt ginn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. D’Bierger:innen doriwwer z’informéieren, dass hir perséinlech Donnéeë beim Observatoire de la Mobilité gesammelt, pseudonymiséiert an analyséiert ginn.
  2. De betraffene Leit de Choix ze ginn, fir hir Donnéeën aus der Datebank läschen ze loossen an/oder hinnen eng Méiglechkeet ze ginn fir een „Opt-Out“ bei der Datenerhiewung ze maachen.
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert