Motiounen
Ee Referendum fir eis Pensiounen

D’Pensiounsreform war wärend de Walen 2023 keen Thema, mat dem d’Parteien am Walkampf informéiert haten, wat se wéilte maachen.
Dëst am Géigesaz zur Steierreform, wou et laang ëffentlech Diskussiounen an eng Debatt tëschent de Parteien an der Chamber gouf.
Eng Pensiounsreform ouni d’Averständnis vun de Wieler:innen vun uewen erof duerchzeboxen entsprécht kengem gudden Demokratieverständnis, well Pensiounen ass een Thema sinn, dat jiddereen an eiser Gesellschaft betrëfft.
Als Piraten wëlle mir, dass d’Bierger:innen entscheede sollten, wéi dës Reform gestallt gëtt a wëllen dat per Referendum demokratesch legitiméieren.
Aus dëse Grënn hunn d’Piraten an der Chamber dofir agesat, dass esou ee Referendum organiséiert gëtt.