Chamber
Aféierung vun der Autosvignette
Context:
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- d’Fro vun enger Autosvignette zu Lëtzebuerg gëtt schonn zënter Joren an der Gesellschaft souwéi an der Politik diskutéiert, notamment am Hibléck op eng méi gerecht Finanzéierung vum Ënnerhalt vun eiser Stroosseninfrastruktur;
- d’Lëtzebuerger Stroossennetz gëtt all Dag vu ville Gefierer benotzt, déi net alleguer iwwert déi aktuell Autossteier zum Ënnerhalt vun dëser Infrastruktur bäidroen;
- am Joer 2019 gouf eng Piraten-Motioun iwwert d’Aféierung vun enger Vignette an der Chamber diskutéiert;
- déi Belsch Regierung huet d’Aféierung vun enger Vignette op den Autobunnen fir Gefierer bis 3,5 Tonnen ugekënnegt;
- Lëtzebuerg sollt op dës Entwécklung reagéieren an ee kohärente Modell ausschaffe soll, deen déi national Besoine berécksiichtegt an am Aklang mam europäesche Recht steet;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- fir ee Konzept auszeschaffen, fir déi aktuell Autossteier duerch ee Vignette-System z’ersetzen, bei deem all Gefier, dat d’Lëtzebuerger Stroossennetz benotzt, säi finanziellen Deel zum Ënnerhalt bäidréit;
- d’Recettë vum Vignette-System fir den Ënnerhalt vum Stroossennetz anzesetzen.
- de System esou opzebauen, dass en datespuersam, notzerfrëndlech an mat enger sécherer Verschlësselung funktionnéiert.
Continue Reading
