Connect with us

Chamber

Luedinfrastrukturen opmaachen (2)

Context:

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • d’Elektrifizéierung vum ëffentleche Busverkéier ass a bleift ee wichtege Bestanddeel fir d’Dekarboniséierung vum Transportsecteur;
  • am Koalitiounsprogramm huet dës Regierung versprach, fir den ëffentlechen Transport bis 2030 emissiounsneutral ze maachen. Dës Moossnam ass och am Klima- an Energieplang (Moossnam n°414) festgehalen, zu deem dës Regierung sech bekennt;
  • déi ëffentlech finanzéiert Luedinfrastrukture fir elektresch Busser sollten méiglechst effizient, koordinéiert an am Interessi vum ganze Busreseau genotzt ginn, well et net sënnvoll ass, wann op verschiddene Plazen zousätzlech oder duebel Luedstatiounen entstinn, déi nëmmen vun jeeweils enger Organisatioun kënne genotzt ginn. 

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. ee gemeinsaamt, ëffentlecht, elektrescht Luedenetz fir de Bus opzebauen, fir dass d’Luedstatiounen vun alle Busoperateuren an alle Busfirme genotzt kënne ginn.
  2. d’Luedenetz esou opzebauen, dass et den europäesche Prinzippien a Reegelen entsprécht, esou wéi et beim Chargy enodrive Luedenetz gemaach gouf.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert