Connect with us

Motiounen

Steiervirdeeler fir Loyeren aféieren

Context:

Aktualitéitsstonn n°4897 iwwert d’Wunnengskris

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • d’Käschte vun de Loyeren wéi och d’Remboursementer vun Immobiliëkreditter stellen fir vill Stéit, déi hei am Land wunnen, all Mount déi héchste finanziell Belaaschtung duer;
  • aktuell kënne Proprietairen d’Zënse vun hiren Immobiliëprête souwéi den Amortissement accéléré iwwert d’Steiererklärung vun hirer Steierlaascht ofsetzen, mee d’Locatairen hunn aktuell keng Méiglechkeet, fir hier Wunnkäschten vun hire Steieren ofzesetzen;
  • Locatairen a Proprietären, déi selwer an hirer Wunneng wunnen, sollte steierlech gerecht behandelt  ginn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. eng Steiermoossnahm anzeféieren, déi et Locatairen erlaabt, fir een Deel vun hire Käschte vun hirem Loyer fir hir Haaptwunneng vun hirem steierflichtegen Akommes ofzesetzen.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert