Justiz
Service d’accueil et d’information juridique

Bierger:innen, déi Informatiounen iwwert d’Justiz brauchen, kënnen sech un de Service d’accueil et d’information juridique vum Parquet général wenden. Dësen informéiert d’Leit generell iwwert Prozeduren an Ulafstellen. Et existéiert ee Guichet an der Stad an och een zu Dikrech an dëse Service ass gratis.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Beamt:innen assuréieren dëse Service a wéi vill Aarbechtsstonne vum Personal si fir de Service virgesinn (ETP)?
Wéi vill Bierger:innen hunn de Service an de vergaangenen 3 Joren an Usprooch geholl (opgeschlësselt pro Joer, pro Geriicht a pro Domaine (civil, pénal, travail, bail à loyer)?
Wéi de Minister fir d’Fonction publique op d’Fro 1890 bestätegt, ass all selwer Ministère fir d’Servicequalitéit an d’Reklamatiounen a senge Verwaltungen zoustänneg. Gouf an de leschte Joren eng Evaluatioun vun der Qualitéit vun deem Service gemaach? Falls jo, kann d’Ministesch d’Resultater vun dëser Evaluatioun deelen?
Wéi de Minister fir d’Fonction publique op d’Fro 1890 bestätegt, ass all selwer Ministère fir d’Servicequalitéit an d’Reklamatiounen a senge Verwaltungen zoustänneg. • Gouf an de leschte Joren eng Evaluatioun vun der Qualitéit vun deem Service gemaach? Falls jo, kann d’Ministesch d’Resultater vun dëser Evaluatioun deelen? • Wéi eng Verbesserungen wäerten am Service gemaach ginn, fir z’assuréieren, datt d’Bierger:innen déi néideg a richteg Informatioune kréien?
QP Nummer 2338