Parlamentaresch Froen
Militärausgaben

Bis d’Enn vum Joer soll de Lëtzebuerger Bäitrag fir d’NATO op 2 Prozent vum Revenu national brut klammen. Dëst si ronn 400 Milliounen Euro, dovunner ronn 130 Milliounen direkt aus dem Staatsbudget, wéi de Finanzminister op RTL.lu erkläert huet (16.5.2025).
Den Nato-Generalsekretär hat awer schonn uklénge gelooss, datt d’NATO-Memberstaate vun 2032 u 5% vun hirem PIB an d’Verdeedegung investéiere sollen. Den däitschen Ausseminister huet sech schonn ëffentlech hannert dës Fuerderung gestallt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Wäert déi Lëtzebuergesch Regierung de Wee matgoen, fir 5 Prozent vum PIB oder RNB an d’Arméi an Oprëschtung z’investéieren?
Falls jo, wéi soll dëst finanzéiert ginn?
QP Nummer 2337