Connect with us

Aussepolitik

Ofhängegkeet vu russeschen Energieimporter

D’EU-Länner hunn no der Invasioun vun der Ukraine e puer staark Wirtschaftssanktioune géigeniwwer Russland beschloss, déi souwuel d’Flëss vu Produite souwéi och Finanzflëss staark reduzéiert hunn. 

Dës Sanktiounen hunn der russescher Ekonomie wéigedoen: de Rubel huet géigeniwwer dem Euro staark u Wäert verluer an d’Importer aus der EU gi fir d’russesch Ekonomie méi deier. 

Wat d’russesch Exporter betrëfft, hunn d’EU-Länner awer gezögert. Russland exportéiert weiderhin seng fossil Energien an Europa. Russland weess ëm d’Ofhängegkeet vun den Europäer vum russesche Gas an huet dofir elo annoncéiert, dass an Zukunft all Gasliwwerunge mussen a Rubel bezuelt ginn. Dëst bedeit, dass Euroen géint Rubel musse getauscht ginn. Als Konsequenz vun dëser Annonce huet de Rubel géigeniwwer dem Euro erëm u Wäert gewonnen.

D’Finanzministesch huet de 14te Mäerz um Radio 100,7 d’Decisioun vun der EU verdeedegt a behaapt, dass déi aktuell Ofhängegkeet vun der EU vum russesche Gas Realpolitik wier. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Besëtzt de lëtzebuergesche Staat ënnert iergendenger Form russesch Devisen? Falls jo, wat a wéi vill?

  2. Wäert déi lëtzebuergesch Regierung weiderhin dofir plädéieren, fir kuerzfristeg russesche Gas z’importéieren?

  3. Wäert d’lëtzebuergesch Regierung dem Putin seng Entscheedung matdroen a Rubele kafen, wann dëst erfuerderlech ass, fir russesch Energie kënnen ze kréien? 

  4. Wäert d’Regierung och op EU-Niveau fir ee Beibehale vu russeschen Energieimporter fir dëst Joer plädéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5982

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert