Aussepolitik
Emgang mat Katar
Am Magasinn „Roude Léiw“ gëtt d’Presidentin vun Déi Gréng an engem Interview zur Fussball WM am Katar befrot. Esou seet si: „En ce sens, il faudrait, en tant que Fédération mondiale, sans doute repenser ce cahier des charges et y ajouter des critères plus stricts en matière de droits humains, d’écologie, etc.“ Qatar Airways huet um Findel méi Fräiheete wéi déi meeschten auslännesch Fluchgesellschaften. Duerch eng Level 5 Loftfräiheet kënnen si Departe vum Findel aus maachen, déi an Drëttstaaten ginn amplaz nëmmen an de Qatar ze fléien.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wäert Qatar Airways dës Level 5 Fräigab behaalen?
-
Wäert d’Regierung an Zukunft ee Cahier des charges zu de Mënscherechter an Ëmweltfakteure fir Fluchgesellschaften aféieren?
-
Wa jo, wäert Qatar Airways kontrolléiert ginn an gegebenfalls dës grouss Fräiheete verléieren?
QP Nummer 6968