Natur, Ëmwelt & Klima
Wéi laang dauert d’Ausbezuele vun de Solar-Subventiounen?
Persounen, déi Photovoltaikanlagen (PV) op hiert Haus installéieren, kënnen zënter enger Rei Joren eng Subventioun fir d’Installatioun ufroen. Aktuell sinn dës Subventiounen ënnert dem Regime „Klimabonus“ bekannt a ginn ausbezuelt, nodeems d’PV installéiert goufen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Demandë betreffend d’Subventioun fir d’Installéiere vu PVen sinn aktuell nach net ofgeschloss?
-
Wéi vill Demandë fir d’Subventioun vu PVe goufen 2019 oder virdru gemaach a sinn nach net ofgeschloss? Wéi vill Demandë goufen 2020 gemaach a sinn nach net ofgeschloss? Wéi vill Demandë goufen 2021 gemaach a sinn nach net ofgeschloss? Wéi vill Demandë goufen 2022 gemaach a sinn nach net ofgeschloss?
-
Wéi al ass déi eelsten Demande, déi agaangen ass an nach net ofgeschloss ass?
-
Wat war dee längsten Delai, bei deem ee Bierger huet missten op d’Ausbezuele vun der Subventioun waarden?
-
Wat sinn déi am meeschte virkommend Grënn, firwat d’Subventiounen net an engem räsonabelen Delai ausbezuelt ginn?
QP Nummer 6969