Natur, Ëmwelt & Klima
Präisser op den Elektrobornen
Op RTL gëtt den Enovos-Direkter an engem Artikel zu den héije Gaspräisser vun haut (31.08) zitéiert. Laut dem Direkter wier dëst Joer de Präis vum Stroum ëm 2,5% an d’Luucht gaangen, fir d’nächst Joer misst ee mat „signifikanten“ Haussë vun 30% bis 40% fir Privatpersoune rechnen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wäerten d’Präisser vum Stroum op den Elektroborne méi deier ginn? Wa jo ëm wéi vill?
-
Wann d’Präisser an d’Luucht ginn, wäert d’Regierung hei Hëllefe fir d’Konsumenten ubidden, fir dass dës duerch den Ëmstig op een Elektroauto net bestrooft ginn an d’Kafe vun esou engem Auto attraktiv bleift?
QP Nummer 6752