Natur, Ëmwelt & Klima
Wellness am Dhoil zu Rodange

Zu Rodange soll ee Jugend- a Familljenhotel gebaut ginn an dëse Projet stéisst op Widderstand vu Bierger:innen aus der Gemeng Péiteng, well een hei, no vun engem Natura2000-Gebitt, wäert eng gréisser Fläch versigelen, op Käschte vun der Natur. Den Ëmweltministère hat den 13te Juli 2022 op Basis vum Naturschutzgesetz eng Autorisatioun ginn, déi de Bau vun engem Familljenhotel am Dhoil zu Rodange erlaabt.
Nieft dem Hotel ass och de Bau vun engem We
llness-Zentrum geplangt um Terrain mat der Parzellnummer 1376/6428, deen zwar am Bebauungsplang vun der Gemeng (PAG) an enger Zone „de bâtiments et d’équipements publics (BEP)“ klasséiert ass, mee u sech eng natierlech Pufferzon an engem Natura2000-Gebitt ass. De Buergermeeschter huet op dëser Plaz gouf eng Baugenehmegung erdeelt an, an enger rezenter Äntwert op eng schrëftlech Fro informéiert, dass Sondagen um Terrain realiséiert goufen an 43.200€ virgesi sinn, fir geotechnesch an archeologesch Etüden hei ze realiséieren.
Op dësem Terrain war am Kader vun de Baugeneemegung d’Iddi an de Pläng opbruecht ginn, dass den Zougang zum Wellness iwwert een ënnerierdesche Passage oder Tunnel soll geschaf ginn, wat een Impakt op d’Ëmwelt wäert hunn, am Hibléck op Waasser (ënnerierdesch Quellen op der Plaz) souwéi den Aushub vu Buedem.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Musse fir de Bau op der Parzell n°1376/6428 Ëmweltimpaktetüde realiséiert ginn a wéi eng Aspekter vun engem Bauteprojet mussen dem Ëmweltminister virgeluecht ginn?
-
Wäerten d’Resultater vun de Sondagen um Terrain souwéi d’Impaktetüde verëffentlecht ginn?
QP Nummer 2116
Virëg parlamentaresch Froen