Gemengen & Innepolitik
Ënnerschiddlech Waasserpräisser uechtert Gemengen

100 Gemengen existéieren zu Lëtzebuerg. 100 Gemenge mat 100 verschiddene Gemengereglementer, Steieren, Taxen a Subsiden. Och beim Waasserpräis ass et esou, dass dësen an all Gemeng ënnerschiddlech ass, obwuel um Enn am Krunn bei de Biergerinnen a Bierger dat nämmlecht erauskënnt. Am Koalitiounsaccord huet dës Regierung sech virgeholl, fir de Waasserpräis z’harmoniséieren.
- Kann d’Regierung d’Waasserpräisser fir Stéit vun den 100 Gemenge fir d’Joer 2024 oplëschten, opgeschlësselt no Fixkäschten a variabele Käschten?
- Kann d’Regierung d’Ofwaasserpräisser fir d’Stéit vun den 100 Gemenge fir d’Joer 2024 oplëschten, opgeschlësselt no Fixkäschten a variabele Käschten?
- A wéi enger Gemeng ass de Waasserpräis fir d’Stéit am niddregsten a wou ass en am héchsten?
- Huet de Minister Zuelen, wéi vill Investitiounen an d’Waasserinfrastruktur an deene leschten 10 Jore pro Gemeng gemaach goufen?
- Wéi vill gratis Drénkwaasserfontainen goufen bis elo installéiert (opgelëscht no Gemeng falls méiglech) a wéi vill sollen an deene nächste Joren opgestallt ginn?
Wéi ënnerstëtzt d’Regierung d’Opstelle vun Drénkwaasserfontainen, fir dass den Accès op Drénkwaasser fir jidderee garantéiert ass? - Ass d’Regierung gewëllt, de Waasserpräis esou ze gestalten, dass eng minimal Quantitéit (zum Beispill déi éischt 50 Liter Waasser pro Dag / déi éischt 600 Liter pro Mount) fir all Awunner gratis wieren?
Fro n°1489