Gemengen & Innepolitik
Wéi steht et ëm d’Sécherheet vun eise jiddesche Matbierger:in an israelesche Staatsbierger:innen?

De Konflikt tëschent Israel an Gaza huet vill Leed fir déi zivil Bevëlkerung mat sech bruecht an dëst souwuel op israeelescher Säit esou wéi op der Säit vun de Palästinenser. Vill Mënsche sinn aus der Regioun geflücht: Palästinenser an och Israeeli. Israeler:innen oder Mënsche mat jiddeschem Glawen, déi an europäesch Stied ausgewandert sinn, beriichten awer, dass si sech hei net sécher spieren. De Konflikt a Gaza ass nämlech och hei héich politiséiert a polariséiert d’Gesellschaft. Et dierf awer net sinn, dass Mënschen opgrond vun hirer Hierkonft oder Glawen diskriminéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wéi steht et ëm d’Sécherheet vun eise jiddesche Matbierger:innen souwéi israelesche Staatsbierger:innen hei am Land?
QP Nummer 2571