Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Kompetenzkonfusioun tëschent Gemengerot a Mobilitéitsministère

An der Gemeng Péiteng gouf et eng Konfusioun ëm d’Kompetenz vum Gemengerot betreffend enger Decisioun zur Gestioun vum Stroosseverkéier. Esou hat d’Gemengeverwaltung, ouni de Vott vum Gemengerot iwwert eng Ännerung vum Règlement général de la circulation ofzewaarden, d’Beschëlderung op verschiddene Stroossen en aval scho geännert. De Gemengerot huet de Vott den 31te Mäerz geholl, also nodeems d’Beschëlderung schon en place war. An enger schrëftlecher Äntwert vum 2te Juni 2025 op eng Fro vum Gemengeconseiller Chris Bernard (Referenz : 2025.66625.SECR) schreiwen déi politesch Responsabel: „Jo, mir konnten dat maache well an dësem Fall d’Reglementatioun, mat oder ouni Signalisatioun, souwisou déi selwecht war. D’Signalisatioun gouf installéiert, well dëst eng nei Uweisung vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics war.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass d’Virgoen vun der Gemengeverwaltung juristesch richteg an huet déi Beschëlderung dierfte gemaach ginn, ouni dem Gemengerot säi Vott heizou ofzewaarden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2462

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert