Mobilitéit
Entretien vun de Vëlospisten

Verschidde Vëlospisten hei am Land sinn nach net duerchgängeg befuerbar an et feelen op verschiddene Plazen geséchert Vëlosweeër. Des Weideren gëtt mer vu Vëlosfuerer zougedroen, dass plazeweis d’Weeër net propper sinn an Rutschgefor besteet, well d’Weeër net propper sinn.
Am Gesetz vum 28 Abrëll 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux ass am Artikel 6 festgehalen, dass d’Gemengen fir den Entretien zoustänneg sinn. Falls dat net gemaach gëtt, kann de Staat et maachen an dat der Gemeng a Rechnung stellen.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Wéi oft huet de Staat enger Gemeng den Entretien vun engem Vëloswee a Rechnung gestallt (opgelëscht no Joer)?
- Wéi ginn d’Vëlospisten op hir Fuertauglechkeet a Sécherheet kontrolléiert a vu wiem?
Fro n°1458