Connect with us

Natur, Ëmwelt & Klima

Miessung vum Glyphosat

D’Qualitéit vun eiser Ëmwelt huet sech an de leschte Joerzéngte verschlechtert. Op ville Plaze sinn eis Gewässer an eis Biedem mat ville Produkter belaascht, déi aus de wirtschaftlechen a sozialen Aktivitéite vum Mënsch entstinn, wéi zum Beispill dem Glyphosat, wat ech a menger vireger Fro n°2919 thematiséiert hat. De Minister hat hei geäntwert, dass d’Analyse fir d’Uewerflächewaasser fir 2025 nach amgaange sinn an dass fir Lëtzebuerg keng eegen Etude zu deem Thema gemaach, mee Donnéeë, d’Resultater an d’Schlussfollgerungen aus anere Länner och fir Lëtzebuerg ugeholl ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn eis Gewässer op Kieselalgen (Diatomeen) gepréift a wéi eng Zesummenhäng ginn et hei am Land mat de Glyphosatwäerter?

  2. Wéi variéieren d’Wäerter vun den Kieselalgen iwwert d’Joer (Rapport Summer/Wanter) souwéi op pro Mount?
    Wéi sinn den Duerchschnëttswäert, de Median an d’Standardofweichung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3118

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert